Episod 119 - Entféierung vum Ursula Herrmann Podcast By  cover art

Episod 119 - Entféierung vum Ursula Herrmann

Episod 119 - Entféierung vum Ursula Herrmann

Listen for free

View show details
De 15.September 1981 mécht sech dat 10 Joer alt Ursula Herrmann owes mat sengem roude Vëlo op de Wee fir heem. Dat nodeems hatt seng Tatta a säi Monni besicht huet. Hatt sollt awer ni doheem ukommen. Bei enger direkter Sichaktioun vun der Police, kann dem Ursula säi Vëlo fonnt ginn, mee soss feelt awer all Spuer vum Meedchen. Déi kommend Deeg gi bei der Famill Herrmann komesch Uriff gemellt a schlussendlech ass och een Erpresserbréif bei der Famill ukomm. D’Erpresser briechen awer iergendwann de Kontakt of a kuerz drop gëtt d’Ursula Herrmann dout an enger Këscht fonnt. Alles wierkt esou, wéi wann den Doud vum Meedchen een Accident war. Wéi konnt et dozou kommen a wien ass de Schëllegen? An wisou ass de ganze Fall bis haut esou ëmstridden? Alles dat an der neier Episod vu Loscht op Mord.
No reviews yet