Loscht op Mord Podcast By Charel Krier Julie Gerard cover art

Loscht op Mord

Loscht op Mord

By: Charel Krier Julie Gerard
Listen for free

"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch. De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn. An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.Eldoradio Biographies & Memoirs True Crime
Episodes
  • Episod 119 - Entféierung vum Ursula Herrmann
    Apr 19 2026
    De 15.September 1981 mécht sech dat 10 Joer alt Ursula Herrmann owes mat sengem roude Vëlo op de Wee fir heem. Dat nodeems hatt seng Tatta a säi Monni besicht huet. Hatt sollt awer ni doheem ukommen. Bei enger direkter Sichaktioun vun der Police, kann dem Ursula säi Vëlo fonnt ginn, mee soss feelt awer all Spuer vum Meedchen. Déi kommend Deeg gi bei der Famill Herrmann komesch Uriff gemellt a schlussendlech ass och een Erpresserbréif bei der Famill ukomm. D’Erpresser briechen awer iergendwann de Kontakt of a kuerz drop gëtt d’Ursula Herrmann dout an enger Këscht fonnt. Alles wierkt esou, wéi wann den Doud vum Meedchen een Accident war. Wéi konnt et dozou kommen a wien ass de Schëllegen? An wisou ass de ganze Fall bis haut esou ëmstridden? Alles dat an der neier Episod vu Loscht op Mord.
    Show more Show less
    39 mins
  • Episod 118 - Germanwings Flug 9525
    Apr 5 2026
    De 24. Mäerz 2015 sollt de Vol 9525 vu Germanwings regulär vu Barcelona op Düsseldorf fléien. 145 Passagéier a 6 Crewmembere waren op dësem Vol. Alles leeft normal bis de Pilot d'Steier un de Co-Pilot iwwergëtt a kuerz aus dem Cockpit geet. Dëst wär u sech näischt Besonnesches, mee wat kee wosst ass, dass de Co-Pilot, den Andreas Lubitz ënner Depressiounen an anere psycheschen Erkrankunge gelidden huet. Sou späert dësen sech eleng am Cockpit an a bréngt d'Maschinn an de franséischen Alpe gezielt zum Crashen. Keen u Bord sollt iwwerliewen. Wéi konnt et dozou kommen, dass kee bemierkt huet, dass de Co-Pilot u sech net hätt duerfe fléien? Wéi konnt hien de Pilot ausspären? All dës a wieder Froe versiche mir an dëser Episod vu Loscht op Mord ze klären.
    Show more Show less
    29 mins
  • Episod 117 - Verschwonnen nom Casting
    Mar 8 2026
    Den 1. Dezember 2014 hätt d'Shannon Madill solle mat sengem Brudder iesse goen, hei daucht déi jonk Fra awer net op. Doropshi geet dem Shannon seng Schwëster bei hatt heem fir ze kontrolléieren ob alles an der Rei ass, mee d'Shannon ass och hei net unzetreffen. Just dem Shannon säi Mann de Joshua ass do a well dat Ganzt awer relativ komesch wierkt, gëtt d'Shannon als vermësst gemellt. Wochen a Méint laang ginn et keng Resultater bei der Sich no der Fra. Bis d'Police beim Shannon sengem Mann opdaucht an hei alles ënnersichen dierf. Wat da geschitt a wéi eng Hiweiser et goufen, gëss du an der neier Episod vu Loscht op Mord gewuer.
    Show more Show less
    40 mins
No reviews yet